Schalloten a Knueweleck
Nodeems mir matt den Ennen  ugefaang haaten war et ee logesche Schrett och iwert d’Schalloten- an  d’Knuewelecksproduktioun nozedenken. Während den Ubau an d’Handhabung vun de  Schalloten ähnlech wéi bei den Ennen as, sou handelt et sech bei dem Knuewelck  dach em eng speziell Kultur. De Knueweleck gett net am Fréijoer geséint, mee am  spéiden Hierscht oder direkt nom Wanter gin d’Knueweleckszéiwen geplanzt.  D’Recolte vun dem Knueweleck as schons méi fréi – am Juli. Ähnlech wéi d’Ennen  an d’Schalloten bidde mir Iech de Knueweleck ab der Recolte, an iwert de ganze  Wanter un.