Gromperen

Matt aktuell knapp 14 ha sin d’Gromperen eis Haaptkultur an der Direktvermarktung. Viru 15 Joer huet alles matt enger eenzeger Zort ugefaang. Dest war déi bekannt, festkachend a qualitativ héichwärteg “NICOLA”. Haut gin 12 Zorten ugebaut. Daat geet nach emmer vun der “NICOLA”, iwert déi roud LAURA, bis bei Spezialitéiten wéi déi mof “VITELOTTE”.

 

Gescht wéi haut produzéiere mir ennert dem Qualitéitslabel vun der Landwirtschaftskammer “Produit du terroir – Letzebuerger Gromperen”. Dest garantéiert Iech eng kontrolléiert Produktioun an dem Respekt vun héige Qualitéits- an Emweltparameteren.


Haut schaffe mir am Gromperebau matt modernster Technik, an daat esouwuel dobaussen am Steck, wéi och dono bei der Lagerung. Duerch eng elektronesch Klimasteierung an dem Lager, brenge mir et faerdeg, eis Fengiger Gromperen emweltfrendlech an energiespuerend iwert d’ganzt Joer ze lageren. Iech as et deemno méijlech d’ganzt Joer eng fresch a gesond Gromper vun heiheem ze hun an net mussen op Importer iwer wait Distanzen aus aneren Deeler vun der Welt zeréckzegraifen.