Gromperen a Geméis vun heiheem

Trotz emmer méi Globaliséierung vertraue vill Letzebuerger bei dem Choix vun hire Liewensmettel emmer nach op d’Qualitéit vun enger lokaler Produktioun. Vill hun awer net d’Méijlechkeet an d’Zait fir selwer ee Gart ze machen. Dowéinst produzéire mir Iech Gromperen a Geméis vun heiheem.

Secher as de Buedem bei eis deelweis schwéier, an d’Klima rau, dest mecht eis Arbecht net méi einfach, as awer d’Grondlach fir gesond Planzen matt interessantem Goût.

 

Eise Betrieb lait wuel an der “gringer Long vum Westen” enger landwirtschaftlech interessanter Regioun am Westen vu Letzebuerg, teschent der Staat an dem Minett – mir hun awer ee ganze Koup Konsumenten direkt virun der Dir, an daat mecht d’Produktioun an den direkte Verkaaf vu lëtzebuerger Gromperen a Geméis un Iech fir eis interessant.

Dese Site soll Iech informéiert haalen iwert eise Betrieb, eis Philosophie an eis Produktiounsmethoden. Gäre si mir awer och un Aerer Meenung, Kritik an Iddien interesséiert…